Péiteng an Dikrech setzen op Kontinuitéit, Schëffleng huet sech mat enger Rei neier Spiller verstäerkt.

Dëse Weekend ass den Optakt am nationale Handballchampionnat. Dës Saison sinn dat 10 Ekippen, also déi 8 vun der leschter Saison plus déi zwee Opsteiger. An déi heeschen Standard a Miersch. Vun elo kënne se sech mat deene Grousse moossen.

De Mierscher Trainer Ricki Bentz freet sech op dësen neien Challenge. Et wëll ee sech esou gutt wéi méiglech verkafen. D'Ekipp huet dann och keen Drock a kann esou all Match fräi opspillen. Mam Senjin Kratovic hunn déi Mierscher dann och e ganz routinéierte Spiller konnten engagéieren, deen dann och gutt an hire Mix tëscht jonken an ale Spiller passt.

Op erfuere Spiller gëtt och ënner anerem beim aneren Opsteiger gesat. De Standard kann op Spiller wéi Cioban oder Zuzo zeréckgräifen, déi schonn um héchsten Niveau gespillt hunn.

Zu Péiteng hu se dëst Joer um Transfertmaart och nees keng gréisser Spréng gemaach. Den Trainer Bob Colovic setzt hei op den Ekippegeescht a virun allem hire Buteur David Gyafras.

Schëffleng konnt sech dës Saison mat enger Rei Spiller verstäerken. Hei kann ee gespaant sinn, ob Jonge wéi de Lukas a Mathias Hertz dem Veräin e Plus bréngen.

Beim Chev Dikrech géife se gären op dem Wee weiderfueren, wou se elo ënnerwee sinn, an zwar sech vu Joer zu Joer ze verbesseren. Dofir war et schonn e bëssi erstaunlech, dat et e Wiessel um Trainerstull gëtt. De President Frank Link erkläert awer, datt een nees méi op d'Jugend bauen. An do huet ee sech an der Coronakris dofir entscheet, dat mat engem kompletten Neistart ze maachen, also engem neien Trainer an enger liicht verännerter Ekipp.

Wien da vun dësen Ekipp an den Titel-Playoff kënnt, dat gi mir vun dësem Samschdeg aus u gewuer.

Handball-Virschau Deel 1 / Gilles Tricca

En Donneschdeg kucke mer dann op déi aner 5 Ekippen am Championnat.