Victoire fir Käerjeng an den HB Museldall

© AFP
D'Damme vu Käerjeng gewanne kloer géint Beetebuerg an den HB Museldall gewënnt an engem ganz spannende Match géint Déifferdeng.
E Sonndeg war et d'Suite vum 1. Spilldag am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Dammen. Um Samschdeg den Owend si schonn 2 Matcher gespillt ginn, wou Dikrech an Diddeleng hir Géignerinnen dominéiert hunn. Och bei den Häre gouf um Samschdeg gespillt, wou et 3 ganz spannend Matcher gouf.
Dammen-Handball
HB Beetebuerg - HB Käerjeng 17:34
Beetebuerg huet wuel den 1 Gol am Match geschoss, dono ass Käerjeng awer een 8:0-Laf gelongen. Aus dësem Réckstand waren d'Beetebuerger Damme wuel beméit, mee de spillereschen Ënnerscheed war dach däitlech ze gesinn. An der Paus stoung et aus der Siicht vun der Lokalekipp 8:17. Och an der 2. Hallschent huet Käerjeng dominéiert, sou dass si den 1. Match an der Saison mat 34:17 gewanne kënnen.
Red Boys Déifferdeng - HB Museldall 19:20
Eng ganz spannend Partie déi béid Formatiounen de Spectateuren zu Déifferdeng gebueden hunn. No 60 Minutte kënnen sech Damme vun der Musel mat engem Gol Virsprong behaapten.