Den Houwald wënnt och ouni säi Spëtzespiller Cekic

© Archiv
An der BDO League am Dëschtennis stoung e Samschdeg de komplette 4. Spilldag um Programm.
Ee vun de Favoritten op de Championstitel Hueschtert/Folscht ass als klore Favorit an d'Partie géint d'Union gaangen. D'Gäscht hu sech allerdéngs gewiert an esou gouf et mam 5:3 net déi ganz kloer Victoire vun Hueschtert/Folscht.
PDF: Den Detail vum Match Hueschtert/Folscht - Union
Keng Problemer hat wéi erwaart Diddeleng auswäerts géint den Opsteiger Briddel. Michely a Co hu sech kloer mat 5:1 behaapt.
PDF: Den Detail vum Match Briddel - Diddeleng
Den Houwald huet um Samschdeg gewisen, datt een och ouni de Spëtzespiller Irfan Cekic ka gewannen. Si hu sech mat 5:3 géint Berbuerg duerchgesat.
PDF: Den Detail vum Match Houwald - Berbuerg
Donieft huet Rued nach mat 5:2 géint Éiter-Waldbriedemes gewonnen a Lénger war Iechternach 5:3 iwwerleeën.
PDF: Den Detail vum Match Rued - Éiter-Waldbriedemes
PDF: Den Detail vum Match Lénger - Iechternach