Coupe am Handball
Spëtzematch tëscht Red Boys an Diddeleng an de 1/4-Finallen

© Archiv
En Dënschdeg goufen d'Véierelsfinalle vun der Coupe am Handball gezunn.
Bei den Häre kréien et am Spëtzematch d'Red Boys mat Diddeleng ze dinn. Käerjeng spillt géint de Standard, Esch géint Schëffleng a Bierchem kritt et mat Miersch ze dinn. Bei den Damme spillt Dikrech géint d'Red Boys. Käerjeng muss géint de Museldall untrieden. Den Handball Esch krut Diddeleng zougeloust a Miersch spillt géint Réiden.
D'Matcher sollen no der Covid-19 Ënnerbriechung am Januar gespillt ginn.
Am meeschte gelies