Dat huet d'Lëtzebuerger Handball-Federatioun e Méindeg den Mëtteg an engem offizielle Schreiwes matgedeelt.

D'Qualifikatioun sollt jo schonns am Dezember 2020 zu Lëtzebuerg gespillt ginn, ass awer wéinst dem Coronavirus verréckelt ginn.

D'FLH behält awer d'Recht vun der Organisatioun vun der Qualifikatioun fir d'WM 2021 a Spuenien. Trotz finanziell an organisatoresch groussen Erausfuerderunge war et der FLH ganz wichteg, de Lëtzebuerger Nationalspillerinnen eng héchstméiglech Sécherheet betreffend dem Coronavirus ze garantéieren.

De Qualifikatiounstournoi gëtt vum 19. bis den 21. Mäerz am Gymnase vun der Coque gespillt.