Norwegen, Kroatien, Frankräich an Dänemark an den Halleffinallen

© AFP
Um Dënschdeg den Owend goufen déi leschte Matcher vun de Gruppe bei der Handball-Europameeschterschaft vun den Damme gespillt.
Frankräich trëfft als Gewënner vun der Grupp 1 an der Halleffinall op Kroatien, zweeten aus der Grupp 2. Norwegen huet d'Grupp 2 dominéiert a kritt et esou mat dem zweeten aus der Grupp 1 an hire südlechen Noperen Dänemark ze dinn.
Grupp 1
Fir d'Däninnen ass et am leschte Match drop ukomm, déi 2 Punkten ze huelen. Am Duell mam direkte Konkurrent Russland, déi 1 Punkt Avance haten, konnte si sech mat 30:22 duerchsetzen an esou a leschter Sekonn sech fir d'Halleffinalle qualifizéieren. Frankräich konnt sech mat 9 vun 10 Punkten déi éischt Plaz sécheren. Op déi drëtt Plaz kënnt Russland, déi domadder ëm d'Plaz 5 spillen.
Grupp 2
Am Duell ëm d'Plaz 5 kritt Russland et mat den Hollännerinnen ze dinn, déi 6 vun 10 Punkten an der Grupp 2 konnten huelen. Virun hinne op Plaz 2 stinn d'Kroatinnen mat 8 Punkten an d'Norwegerinnen waren déi eenzeg, déi all hir Matcher gewanne konnten an esou mat 10 vun 10 Punkte weiderkoumen.
De Match ëm d'Plaz 5 esou wéi déi zwou Halleffinalle ginn den 18. Dezember gespillt. De Match ëm d'Plaz 3 an d'Finall sinn den 20. Dezember.