De Weekend spillt den HC Bierchem am Kader vum EHF European Cup 2 Mol an Éisträich. De Géigner am 3. Tour heescht Insignis Handball Westwien.

Den Allersmatch gouf e Samschdeg den Owend um 19 Auer gespillt an deen huet Bierchem mat 24:28 verluer.

De Retour e Sonndeg de Mëtteg um 16 Auer. De Match e Sonndeg ass op der Tëlee um RTL Zwee an am Livestream op RTL.lu mat Lëtzebuerger Commentairë vum Serge Olmo a Gilles Tricca ze gesinn.