E Freideg den Owend stoungen an Dänemark bei der Europameeschterschaft am Dammenhandball d'Halleffinallen um Programm.

An der éischter Halleffinall vun der EM stounge sech Frankräich a Kroatien géintiwwer. Um Enn gouf et eng kloer Victoire fir d'Dammen aus Frankräich. Si louchen no den éischte 30 Minutte scho mat 15:5 a Féierung. Déi zweet Hallschent war du wuel méi ausgeglach, ma Frankräich huet den Avantage bis zum Schluss gutt geréiert an esou huet ee sech mat engem 30:19 den Ticket fir d'Finall vun der Dammenhandball-EM geséchert.

Nieft Frankräich steet och nach Norwegen ënnert den zwou leschten Ekippen. Si hu sech géint Dänemark behaapt. No der éischter Hallschent louchen d'Däninne mat 13:10 am Avantage. Norwegen konnt no der Paus d'Partie dréinen a sech esou mat 27:24 behaapten.

D'Finall tëscht Frankräich an Norwegen gëtt e Sonndeg um 18 Auer gespillt.

RTL

Frankräich feiert no der Victoire an den Halleffinallen. / © AFP