No enger gudder a kämpferescher Leeschtung verléieren d'Réiserbänner den Allersmatch zu Wien mat 24:28 géint d'Insignis Handball Westwien.

Den HC Bierchem ass um Samschdeg den Owend an der drëtter Ronn vum EHF European Cup géint d'Insignis Handball Westwien ugetrueden. Fir d'Hären aus dem Réiserbann sollt et eng schwéier Aufgab ginn, leeft de Championnat an Éisträich dach zanter September ouni Ënnerbriechung weider, iwwerdeems d'Bierchemer hire leschte Match den 21. Oktober gespillt hunn.

D'Ekipp aus dem Réiserbann huet sech de ganze Match iwwer gutt aus der Affär gezunn. No 40 Sekonnen huet de Pietrasik den 1. Gol am Match realiséiert. No knapps 3 Minutten huet den 21-Järege Pol op Säite vu Bierchem den 3:3-Gläich markéiert. Westwien huet sech awer lues a sécher e Virsprong konnten erausspillen, dat och well Weyer a Co. de Julian Ranftl bei Westwien iwwerhaapt net an de Grëff kruten. Sou hat den Éisträicher beim Stand vun 8:5 fir Westwien no 15. Minutte schonn 6 Goler zu Buch stoen. Bierchem huet sech awer net hänke gelooss an ass an de Schlussminutte vun der 1. Hallschent duerch Goler vum Biel, Weyer a Pietrasik nees erukomm. An der Paus louch Bierchem mat engem Gol a Réckstand, 12:13 huet de Score no 30. Minutten ugewisen.

No der Paus huet Bierchem weider gutt dogéint gehalen, och wann de Réckstand konstant bei 2-3 Goler louch an een et net hikrut, de Score auszegläichen. No 45. Minutte stoung et 17:20 aus der Siicht vu Bierchem. Et ass ee wuel nach eng Kéier op 2 Goler erukomm (19:21), mee um Enn sollt et awer net duergoen, fir fir eng Iwwerraschung ze suergen, sou dass no 60 Minutten eng 24:28 Néierlag um Bou stoung.

Eng fantastesch Leeschtung huet de Julian Ranftl op Wiener Säit gewisen, dee ganzer 16 Goler geschoss huet. Op Bierchemer Säit war den Ariel Pietrasik mat 5 Goler beschte Buteur.

De Retour ass e Sonndeg de Mëtteg um 16 Auer. De Match ass op der Tëlee um RTL Zwee an am Livestream op RTL.lu mat Lëtzebuerger Commentairë vum Serge Olmo a Gilles Tricca ze gesinn.