Dammenhandball-EM
Norwegen wënnt Europameeschterschaft

© AFP
An der Finall konnt sech Norwegen mat 22:20 géint Frankräich duerchsetzen an ass domadder neien Europameeschter.
Béid Ekippen konnte sech souverän bis an d'Finall spillen an haten deenen aneren Ekippen am Laf vum Turnéier keng Chance gelooss. Just an der Halleffinall beim 27:24 vun Norwegen géint Dänemark war et méi knapps. D'Finall war logescherweis dann och ganz spannend. Um Enn waren et awer d'Norwegerinnnen déi dat glécklecht Enn fir sech haten a mat 22:20 gewanne konnten.
Am Match ëm déi 3. Plaz konnt sech Kroatien kloer mat 25:19 géint Dänemark duerchsetzen.
Am meeschte gelies