Bierchem verléiert och de Retourmatch an ass eliminéiert

© Screenshot RTL Télé Lëtzebuerg
Schlussendlech hat Bierchem géint Westwien keng Chance a verléieren och de Retourmatch mat 29:32. Soumat ass Bierchem aus dem EHF European Cup eliminéiert.
Den HC Bierchem ass um Sonndeg de Mëtteg fir de Retourmatch an der drëtter Ronn vum EHF European Cup géint d'Insignis Handball Westwien ugetrueden. Den Allersmatch haten déi Bierchemer mat 24:28 verluer.
Bierchem ass ganz gutt an de Match komm an dat obwuel se schonn an der 1. Minutt eng 2-Minutte Strof kruten. Nodeems se kuerz e Réckstand vun 2 Goler haten, sinn déi Bierchemer awer dru bliwwen an no 10 Minutte stoung et 6:6. An de Minutten dono hu sech d'Gäscht vu Bierchem am Stuerm awer schwéier gedoen an haten no 15 Minutte beim 11:7 e Réckstand vu 4 Goler. Zemools an der Defense haten se sech schwéier gedoen fir Goler ze verhënneren. Mee 5 Minutte virun der Paus haten déi Bierchemer eng ganz gutt Phase an där se de Ball e puer mol konnte recuperéieren an och dem 17 joer jonke Golkipper sinn e puer Parade gelongen. Sou koumen se och nees bis op 2 Goler erun a soumat ass et mat engem 18:16 fir Westwien an d'Paus gaangen.
D'Bierchemer si guer net gutt an déi zweet 30 Minutte gestart a louche séier nees mat 6 Goler am Réckstand. Se hunn awer op d'Zänn gebass a wollte sech net sou einfach geschloe ginn mee no 45 Minutten huet et net dono ausgesinn wéi wann se d'Qualifikatioun fir an den nächsten Tour nach géife packen wéi et no 45 Minutten 25:22 fir d'Westwiener stoung. Mee ëmmer wann d'Gäscht nees erukomm sinn dann hunn d'Éisträicher den Tempo nees ugezunn an de Virsprong ass nees ugewuess. Um Enn verléiert den HC Bierchem mat 29:32. D'Qualifikatioun vu Westwien ass no den 2 Matcher dann och absolut verdéngt. Vu Bierchem hat een ni den Androck dat se de Match kéinte gewannen mee hunn awer an den zwee Deeg ganz respektabel Leeschtunge gewisen.
Domadder ass Bierchem am 3. Tour aus dem EHF European Cup eliminéiert.
Frou, et duerchgezunn ze hunn
Fir d'Ekipp aus dem Réiserbann war et ee komplizéiert Deplacement an Éisträich. Zanter Oktober hat d'Ekipp kee Match méi gespillt an zanter 3 Woche konnt och esou gutt wéi guer net trainéiert ginn. Eng Qualifikatioun fir den nächsten Tour war praktesch onméiglech. Trotzdeem war de Manager vum HC Bierchem, Tom Majerus, frou dass de Club um europäesche Parquet ugetrueden ass.
Tom Majerus: Vue que dass mir virdrun driwwer nogeduecht hunn, ob mir et solle maachen, muss ech soen, dass de Bilan ganz positiv ass. Wéi d'Jonge sech verhalen hunn, wéi si matgezu sinn am ganze Grupp. Ech hat schonns an engem Interview gesot, ier mir geflu sinn: Esou ee Weekend ass enorm wichteg, net nëmme sportlech, mä och wat dat ronderëm ugeet, mä och fir den Teamgeescht. Dofir kënne mir frou sinn, dass mir dat duerchgezunn hunn.
Wéini déi Bierchemer elo nees den nächste Match op nationalem Plang kenne spillen, hänkt vun der Entwécklung vun der Corona Pandemie of.