En Dënschdeg den Owend huet sech den däitsche Rekordchampion an der Finall mat 33:28 géint de favoriséierten FC Barcelona duerchgesat.

En Dënschdeg den Owend huet sech den THW Kiel fir d'véierte Kéier déi europäesch Handball-Kroun geséchert. De Veräin aus Däitschland huet sech an der Finall mat 33:28 (19:16) géint den FC Barcelona behaapt a sech domadder och eng Primm vu 500.000 Euro geséchert. Wéinst der Corona-Pandemie ass d'Finall vun der Saison 19/20 elo eréischt gespillt ginn.


Den Niclas Ekberg war mat aacht Goler en Dënschdeg den Owend zu Köln dee beschte Spiller fir d'Ekipp vum Filip Jicha, deen als éischten Handballer souwuel als Spiller wéi och als Trainer fir ee Veräin den Titel an der Kinneksklass gewonnen huet.

Déi drëtte Plaz ass fir Paris St. Germain, dat no enger 31:26 (14:11) géint déi ungaresch Top-Ekipp Veszprem HC.