Am Handball gëtt d'Saison just uewe fäerdeg gespillt, d'Promotioun, déi zweethéchst Divisioun bei den Hären, gëtt och gestoppt.

D'Lëtzebuerger Handballfederatioun huet RTL déi Informatioun e Méindeg de Moie confirméiert. Dann huet d'FLH och nach festgehalen, datt Bartreng an Rëmeleng, déi zwee Éischt aus der Promotioun, d'Relegatioun mat de Veräiner aus der ieweschter Divisioun spillen. Den HB Museldall, deen eenzege Veräin aus der Promotioun, deen theoretesch och nach a Fro komm wär, fir an der Relegatioun dobäi ze sinn, war mat der Decisioun vun der Federatioun averstanen.