D'Weltmeeschterschaft am Handball huet nach net ugefaangen an awer ass de Chaos schonns grouss...

Een Dag virum Optakt hunn d'USA elo 18 positiv Fäll op de Covid-19 gemellt, dorënner och den Trainer Robert Hedin.

Déi lescht Deeg wieren all Tester negativ gewiescht, an och e Méindeg waren d'Schnelltester nach negativ.

D'Amerikaner ginn dovun aus, datt ee Spiller, dee méi spéit bei d'Ekipp gestouss ass, de Virus matbruecht hätt.

D'USA wären iwweregens déi éischte Kéier zanter 20 Joer op enger WM dobäi gewiescht an hätten an enger Grupp géint d'Favoritte Frankräich an Norwegen gespillt.

Net mat dobäi ass och Tschechien. An der Ekipp gëtt et iwwer 10 positiv Fäll an dofir ass d'Ekipp eréischt guer net an Ägypten gereest.

Nordmazedonien réckelt elo fir Tschechien no an d'Schwäiz fir d'USA.