Et besteet eigentlech keng Obligatioun vu Säite vum Sportsministère, fir esou Schnelltester maachen ze mussen.

Ënnert anerem huet sech d'LFL jo dogéint entscheet. Aner Strategie dogéint am Volleyball, wou d'Veräiner aus der ieweschter Divisioun sech en Donneschdeg den Owend per Video-Konferenz konsertéiert hunn a majoritär derfir sinn, Antigène-Schnelltester virun de Matcher ze maachen.

Detailer wëll een an enger Reunioun d'nächst Woch klären.

Och bei der Reprise vum Basket-Championnat ginn Covid-Schnelltester obligatoresch. Dat huet d'Basketfederatioun matgedeelt.