Lëtzebuerg verléiert mat 21:28 géint d'Ukrain
Am zweete Match vun der WM-Pre-Qualifikatioun ass et fir d'Lëtzebuerger Dammen trotz enger gudder éischter Hallschent näischt ze huele ginn.
E Samschdeg ass et fir d'FLH-Dammen am zweete Match vun der WM-Pre-Qualifikatioun géint d'Ukrain gaangen. No enger ausgeglachener Ufanksphas ass d'Ekipp aus der Ukrain ëmmer besser un d'Rulle komm. Trotzdeem huet d'Lëtzebuerger Ekipp gutt dogéint gehalen a konnt sou virun der Hallschent de Réckstand verréngeren. Mat enger 14:12-Féierung fir d'Ukrain ass et sou no 30 Minutten an d'Paus gaangen.
Am zweeten Duerchgang huet sech d'Stäerkt vun de Gäscht ëmmer méi bemierkbar gemaach a sou ass d'Ukrain lues a lues dovgezunn. D'Lëtzebuerger Ekipp hat Problemer mam héijen Tempo matzehalen a sou ass et net méi gelongen drunzebleiwen. Um Enn wënnt d'Ukrain sou mat 28:21.
An der zweeter Partie am Grupp vun de Lëtzebuergerinnen huet d'Slowakei och den zweete Match gewonnen an dat mat 37:19 géint Israel.