D'Etzella zitt am Spëtzematch géint Diddeleng de Kierzeren

© Domingos Oliveira
D'Musel-Pikes verléiere géint Steesel. Contern an de Basket Esch wannen däitlech.
Am Basket stoung um Samschdeg de leschte Spilldag virun de Playoffs um Programm. Opgrond vu Matcher, déi duerch positiv Corona-Fäll ausgefall sinn, gëtt et awer nach eng ganz Rei Matcher, déi mussen nogespillt ginn.
De Basket Esch wënnt däitlech mat 103:61 géint Hiefenech. D'Musel Pikes zéie mat 67:75 géint Steesel de Kierzeren. Den T71 Diddeleng huet de Spëtzematch géint den Tabelleleader Ettelbréck gewonnen. Déi Diddelenger hunn nach 3 Matcher ze spillen a kënnen an der Tabell nach e puer Plaze klammen. Fir Contern gouf et eng däitlech Victoire vun 101:57 géint den Telstar Hesper.
Bei den Damme gouf de Weekend kee Basket gespillt. D'Amicale Steesel konnt wéinst Coronainfektiounen net méi an den Halleffinalle géint Diddeleng untrieden. E Mëttwoch gëtt déi éischt Finall an der Best-of-Three-Serie tëscht dem T71 a Walfer gespillt.
Härebasket
Basket Esch - US Hiefenech 103:61 (26:18, 26:11, 22:10, 29:22)
Musel-Pikes - Amicale Steesel 67:75 (16:9, 18:28, 13:23, 20:17)
T71 Diddeleng - Etzella Ettelbréck 93:72 (32:18, 22:21, 18:27, 21:7)
AB Contern - Telstar Hesper 101:57 (29:25, 19:12, 30:16, 23:4)