Wéinst enger Partie Coronafäll ginn d'Véierelsfinallen elo eréischt den 2. Juni gespillt. D'nächst Woch mussen nach e puer Matcher nogeholl ginn.

U sech war de leschte Weekend de leschte Spilldag vun der Qualifikatioun am Basket-Championnat. Op Grond vun enger ganzer Partie Coronafäll sinn an de leschte Wochen ëmmer nees Matcher ausgefall an déi mussen elo nach nogeholl ginn, fir datt d'Playoffs kënne starten.

D'Lëtzebuerger Basketfederatioun huet e Sonndeg den Owend d'Rendez-vouse vun den Nodrosmatcher matgedeelt. En Dënschdeg spillt d'Résidence Walfer um 20 Auer doheem géint den T71 Diddeleng. D'Arantia Fiels huet dann e Freideg um 20 Auer déi Diddelenger op Besuch.

D'Sparta sollt u sech den Nodrosmatch géint Walfer e Samschdeg spillen, déi Bartrenger hunn der FLBB allerdéngs matgedeelt, datt ee keng Ekipp fir dee Match huet. Walfer kritt dofir elo zwee Punkten an de Match gëtt annuléiert.
E Sonndeg sinn dann zwou Partien. Um 18 Auer spillt de Racing géint d'Fiels an da kritt et och nach den T71 mam Telstar ze dinn.

D'Playoffs starten dann den 2. Juni mat de Véierelsfinallen. D'Halleffinallen, déi am Best-of-Three-Modus gespillt ginn, starten de 5./6. Juni. Déi éischt Finall gëtt de 15. Juni gespillt.

Bei den Damme gëtt déi éischt Finall tëscht Diddeleng a Walfer e Mëttwoch den Owend gespillt.