Am nationale Basketchampionnat bei den Häre sti fréizäiteg schonns zwee Halleffinaliste fest.

En Dënschdeg den Owend konnt sech d'Résidence Walfer mat 83 op 78 géint den T71 Diddeleng duerchsetzen. Duerch dës Victoire kënne Walfer an Ettelbréck elo net méi vun Diddeleng ageholl ginn.

Deemno mussen de Basket Esch, AB Contern, T71 Diddeleng an d'Arantia Fiels an de Véierelsfinallen untrieden, iwwerdeems d'Etzella an d'Résidence als 1. an 2. sécher an den Halleffinalle stinn.