De Vizechampion am Dammebasket huet mam US-Amerikaner Brian Carroll een neien Trainer fonnt.

De Brian Carroll wäert déi nächst Saison bei der Dammenekipp vun der Résidence Walfer um Trainerstull sëtzen. D'Trainerin vun dëser Saison, Tara Booker, wäert aus perséinleche Grënn eng Paus aleeën. Dat huet d'Résidence e Samschdeg iwwert déi sozial Netzwierker matgedeelt.

Den 41 Joer ale Carroll ass zu Lëtzebuerg keen Onbekannten. Vun 2018 bis 2020 huet hien d'Härenekipp vun der Arantia Fiels trainéiert.