De Foxi, wéi den Hoffmann genannt gëtt, war schonn un der Spëtzt vum Bartrenger Basketball Club vun 2001 bis 2013.

Hie gëtt domat Successeur vum Frank Arendt, deen am Fréijoer no Onstëmmegkeete mat sengem Comité iwwert d’Verlängerung vum Kontrakt vum Härentrainer demissionéiert hat.