En Dënschdeg den Owend gouf am nationale Basketchampionnat déi éischt Finall gespillt.

Basket: Resumé vun 1. Finall - Reportage vum Guy Seyler

Am nationalen Härebasket sti sech dëst Joer an der Finall vum Championnat den T71 Diddeleng an de Basket Esch géintiwwer. En Dënschdeg den Owend gouf deen éischte Match an der Best-of-three-Serie zu Diddeleng gespillt. An der Paus louchen déi Diddelenger mat 38:31 a Féierung. Den T71 konnt seng Avance tëschenduerch op 19 Punkten ausbauen, ma zum Schluss gouf et nach emol spannend. Déi Diddelenger hunn awer d'Iwwerhand behalen an um Enn stoung et 80:71.

E Freideg den Owend geet et weider. Um 20.15 Auer gëtt de Match zu Esch ugepaff. Sollt et zu enger drëtter Finall kommen, dann ass déi e Sonndeg um 20.15 Auer. D'Matcher gi live op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu iwwerdroen.