A senger éischter Profisaison hat de Ben Kovac mat 12,8 Punkten, 2,4 Assisten an 3,6 Rebounds iwwerrascht.

Deemno ass säi Kontrakt beim Veräin aus der éischter hollännescher Liga ëm 1 Joer verlängert ginn.  De Suns Trainer Peter Van Noord ass vum Lëtzebuerger Nationalspiller iwwerzeegt.

"De Ben huet d’lescht Saison grouss Fortschrëtter gemaach. Hien ass nach jonk a muss sech Zäit loossen. Mee hien huet en enormt Potential a wäert nächst Saison e wichtege Bestanddeel vun eiser Ekipp sinn."

Nodeems Den Helder an der Véierelsfinall vun de Playoffs eliminéiert gouf, war de Ben Kovac fir de Recht vun der Saison zeréck bei säin Heemechtsveräin Basket Esch komm. Leschte Freideg hunn déi Lallenger déi zweet Final vum Championnat géint den T71 verluer. No enger klenger Paus geet seng Aventure am Profiberäich weider.