Am 6. Match vun der Finall vun der Western Conference hu se 130 op 103 géint d’Los Angeles Clippers gewonnen, an domadder d’Serie 4-2 fir sech entscheet.

D’Franchise aus Arizona trëfft an hirer drëtter Finall an der Geschicht elo entweder op Milwaukee oder op Atlanta. Do steet et aktuell an der Serie 2-2 gläich.