NBA-Finals
Phoenix Suns gewannen déi éischt Finall mat 118:105

© AFP (Archiv)
An der Nuecht op e Mëttwoch war den éischte Match vun den NBA Finals. Hei gëtt jo am Modus Best-of-7 gespillt.
An d'Phoenix Suns hunn den éischte Schrëtt a Richtung Titel gemaach. D'Ekipp ronderëm de Chris Paul huet den éischte Match nämlech mat 118 op 105 géint d'Milwaukee Bucks gewonnen.
Op Säite vun de Suns hunn de Chris Paul (32 Punkten, 9 Assists), den Devin Booker (27 Punkten) an den Deandre Ayton (20 Punkten, 17 Rebounds) dominéiert. Op där anerer Säit sinn 29 Punkte vum Khris Middleton an 20 vum ugeschloenen Giannis Antetokounmpo net duergaangen.
Déi zweet Finall gëtt an der Nuecht op e Freideg gespillt an dat och nees zu Phoenix.
Am meeschte gelies