Suns gewannen och den 2. Match géint Milwaukee

© AFP
An der Nuecht op e Freideg hunn d'Phoenix Suns géint d'Milwaukee Bucks 118:108 gewonnen a leien domadder an der Best-of-seven-Serie mat 2:0 a Féierung.
D'Phoenix Suns sinn dem Titel an der NBA, der Nordamerikanescher Basketball-Liga, e weidere Schrëtt méi no komm. Si hu sech an der Nuecht op e Freideg och am zweete Match behaapt an dat mat 118:108. Nieft dem op en Neits staarke Chris Paul (23 Punkten) hunn och den Devin Booker mat 31 Punkten wéi och de Mikal Bridges mat 27 Punkte geglänzt.
Bei de Bucks huet den Giannis Antetokounmpo erausgestach. Den zweefachen MVP huet 42 Punkte markéiert a koum op 12 Rebounds. Domadder huet de "Greek Freak" eng historesch Leeschtung gewisen. Well: Him sinn am zweete Match no senger Knéiblessur eleng am drëtte Véierel 20 Punkte gegléckt. Dat huet zanter 1993 an dem Michael Jordan kee Spiller méi an de Finals fäerdeg bruecht. Den Antetokounmpo huet um Enn awer ze wéineg Ënnerstëtzung vu senge Matspiller kritt an dofir gouf et eng weider Néierlag.
De Suns feelen elo nach zwou Victoirë fir den éischte Championstitel ze feieren. No zwee Matcher virun den eegene Spectateure geet et elo fir zwou Partië bei d'Bucks. Deen nächste Rendez-vous ass an der Nuecht op e Méindeg eiser Zäit.