Basketball
Milwaukee Bucks feelt nach eng Victoire fir den 2. NBA-Titel

© AFP (Archiv)
An der 5. Partie hu sech d'Bucks an der Nuecht op e Sonndeg eiser Zäit mat 123:119 géint d'Phoenix Suns behaapt.
An der NBA, der Nordamerikanescher Basketball-Profiliga, feelt de Milwaukee Bucks nach eng Victoire fir den Titel perfekt ze maachen. Am fënnefte Match hu sech d'Bucks an de leschte Sekonne mat 123:119 géint d'Phoenix Suns behaapt.
An der Best-of-seven-Serie steet et elo 3:2 fir d'Bucks.
Déi sechst Partie ass an der Nuecht op e Mëttwoch eiser Zäit. Fir Milwaukee wär et deen zweeten Titel no 1971.
Am meeschte gelies