D'FLBB-Formatioun huet sech souverän mat 94:65 géint de Kosovo behaapt.

E Mëttwoch den Owend ass d'Lëtzebuerger Dammennationalekipp an d'Basket-EM vun de klengen Natiounen gestart. Gespillt gëtt op Zypern. D'FLBB-Formatioun huet sech gutt aus der Affär gezunn, hat de Géigner de ganze Match ënner Kontroll a konnt sech um Enn verdéngt mat 94:65 géint de Kosovo behaapten.

An der Paus louchen d'Lëtzebuergerinne mat 46:30 a Féierung. Top-Scorerin beim Lëtzebuerger Team war d’Catherine Mreches mat 26 Punkten, virum Magaly Meynadier an dem Anne Simon, allebéid mat 14 Punkten. Méi Infoen iwwert de Match, mat alle Statistike fënnt een um Site vun der EM.

En Donneschdeg steet deen zweete Match um Programm. Hei waart dann Zypern op Lëtzebuerg. De Match gëtt um 18:00 eiser Zäit nees am Livestream op RTL.lu iwwerdroen.