Däitsche Franz Wagner als 8. ausgewielt

© SID/ARTURO HOLMES
An der Nuecht vun Donneschdeg op Freideg war zu Brooklyn den NBA Draft fir déi nächst Saison.
Hei gouf den 19 Joer ale Franz Wagner als 8. gewielt, sou fréi wéi virun him als Däitsche just den Detlef Schrempf viru 36 Joer. Esouguer de spéidere Star Dirk Nowitzki war am Joer 1998 just als 9. vun de Milwaukee Bucks gedraft ginn. De Wagner spillt zukünfteg fir d'Orlando Magic an der NBA a kéint domat un der Säit vu sengem Brudder Moritz spillen, deen déi lescht Saison bei Orlando gespillt huet, den Ament awer ouni Kontrakt ass.
"Ech kann et kaum erwaarden, op Orlando ze kommen", sou de Franz Wagner, "et fillt sech groussaarteg un, en Dram ass wouer ginn." D'Ekipp hätt "vill Talent" an hie wéilt a sengem Rookie-Joer "einfach all Dag besser ginn. Ech wëll bescheide sinn a vu menge Matspiller léieren."
Als éischte gouf de Cade Cunningham vun den Detroit Pistons gedraft, den zweete Pick war den Jalen Green vun de Houston Rockets.