Volleyball                            
                            Chris Zuidberg wiesselt an déi héchst franséisch Divisioun
 
                    De Lëtzebuerger Volleyball Nationalspiller Chris Zuidberg wiesselt no 3 Joer an der Belsch nees zréck a Frankräich.
De 26 Joer jonke Sportzaldot konnt sech mat Waremme net op eng Verlängerung eenegen a gëtt elo zweeten Opposite hannert dem fréiere franséischen Nationalspiller an Europameeschter vun 2015 Antonin Rouzier beim frëschgebakenen Opsteiger an déi héchste franséisch Liga, Plessis-Robinson, engem Quartier zu Paräis.
De fréiere Spiller vum VC Luerenzweiler wëll sech an engem méi professionellem Encadrement konstant weider entwéckelen.
                            Am meeschte gelies
                    
    
         
                     
                     
                     
                    