ÄishockeyTornado Lëtzebuerg gewënnt mat 9:4 géint Lions de Wasquehal

Andy Brücker
An der 2. franséischer Divisioun steet Tornado elo op Plaz 7 an der Tabell.
© Archivfoto

Tornado Lëtzebuerg gewënnt zu Wasquehal héich mat 9:4 géint den Tabellen-Néngten a steet no 7 Spilldeeg op der 7. Platz an der Tabell, punktgläich mat Reims.
Tornado war an der 6. Minutt duerch de Shikera mat 1:0 a Féierung gaangen, éier Vogt an Damy de Score an den éischten 20 Minutten op 3:0 erhéije konnten. An der 25. Minutt konnt Wasquehal duerch den Adamczak verkierzen, ma nëmmen zwou Minutte méi spéit huet Tornado nees mam Cannon zougeschloen.

Weider Goler op Säite vun Tornado Lëtzebuerg koume vu Miller, Cannon, Eriksson, Damy a Sigouin.

D'Lëtzebuerger treffen den nächsten Samschdeg op der Kockelscheier op Gaulois de Châlons-en-Champagne, déi mat engem Punkt Virsprong op der 5. Plaz stinn. 

Tabell

Back to Top
CIM LOGO