Goldserie hält - US-Basketballer wannen an der Finall géint Frankräich

© AFP
Ugefouert vum Kevin Durant hunn d'USA sech an der Basket-Finall mat 87:82 géint Frankräich behaapt.
Fir d'véierte Kéier noeneen ass d'Goldmedail am Härebasket bei den Olympesche Spiller un d'USA gaangen. E Samschdeg de Moie fréi eiser Zäit hu sech d'US-Basketballer an der Finall mat 87:82 (44:39) géint Frankräich behaapt, domadder ass den Amerikaner gläichzäiteg d'Revanche fir d'Néierlag beim Start vun der Gruppephas virun zwou Woche gegléckt.
Fir den Toppfavorit ass et schonn déi 16. Olympiavictoire, d'Fransouse musse sech dogéint fir drëtte Kéier no 1948 an 2000 mat Sëlwer zefridde ginn. Den US-Kapitän Durant vun de Brooklyn Nets, mat 29 Punkten ee vun de beschte Spiller, huet seng drëtt Goldmedail gewonnen an ass domadder mat sengem Landsmann Carmelo Anthony, deen de Rekord hält, gläichgezunn.
D'Partie war spannend bis zum Schluss. Zéng Sekonne virum Enn hat den Nando de Colo op 82:85 verkierzt, du war den Durant gefoult ginn an huet vun der Linn alles kloer gemaach.