D'USA hunn d'Finall géint Japan kloer dominéiert a sech héich verdéngt mat 90:75 duerchgesat.

D'Sue Bird an d'Diana Taurasi hu mat den US-Basketballerinnen bei de Spiller zu Tokio fir d'5. Kéier Gold gewonnen, domadder setze si sech un d'Spëtzt vun der Rekordlëscht. An der Finall hu sech d'US-Amerikanerinne kloer mat 90:75 (50:39) géint d'Japanerinne behaapt. Et ass fir d'Favoritinnen déi 7. Victoire bei Olympesche Spiller noeneen an den 9. Succès am Ganzen.

E Samschdeg hate sech och d'US-Basketballer d'Goldmedail zu Tokio geséchert. Kevin Durant a Co hate sech an enger spannender Finall knapp géint Frankräich behaapt.

© RTL