E rouege Kongress bei der FLBB

Lëtzebuerger Basketballfederatioun hat e Samschdeg de Moien op Diddeleng op hir uerdentlech Generalversammlung invitéiert.
Et war e ganz rouege Kongress. Ënner anerem gouf decidéiert, dat et bei den Nummeren 4 bis 15 bleift an dat een net, wéi am Ausland, vun 0 bis 99 géif akzeptéierten. Nei dann ass dann awer, datt an der 1. Divisioun och Mëttwochs ka gespillt ginn an net wéi bis elo um spéide Sonndeg den Owend.
Corona-technesch wëll een elo mat neien Initiativen déi Jonk, déi duerch e Lockdown dem Basket verluer gaange si ginn, nees besser encadréieren an et gouf festgehalen, datt e Match verluecht gëtt, wann op d'mannst 3 Spiller wéinst de Covidmesuren ausfalen.
Weider gouf confirméiert, datt d'Ekipp ronderëm de President Samy Picard weiderschaffe wäert.