E Samschdeg de Mëtteg goufen zu Laser an Däitschland am Kader vum Deulux Laf déi nei Lëtzebuerger Championen iwwer 10 Kilometer ermëttelt.

Bei den Hären war de Yonas Kindé dee séierste Lëtzebuerger. Mat enger Zäit vun 31 Minutten a 7 Sekonnen huet sech de Leefer vum Celtic Dikrech déi éischt Plaz an domat och de Championstitel geséchert, dat virum Bob Haller an dem Bob Bertemes.

Bei den Damme geet den Titel un d'Jenny Gloden, dat sech mat enger Zäit vu 35 Minutten an 11 Sekonnen déi éischt Plaz ënnert den Damme séchere konnt. Hannert der Leeferin vun der Fola ass d'Saskia Daguenet op déi zweet Plaz komm an d'Vera Hoffmann huet de Podium komplettéiert.