Am Grupp vun der Relegatioun ka sech ënner anerem Réiden géint Bieles duerchsetzen.
E Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären den 1. Spilldag ëm den Titel an d’Relegatioun a bei den Dammen de 9. Spilldag.
Härenhandball
Titelgrupp
Am eenzege Match wannen d’Red Boys vun Déifferdeng ganz kloer mat 39:24 géint den HB Käerjeng, deen an der Paus allerdéngs nach just mat 6 Punkten a Réckstand louch.
Relegatioun
Am éischte Match vum Owend wënnt Réiden mat 32:27 géint den HB Bieles. Et war iwwer déi voll Spillzäit een enke Match, ma d’Victoire fir d'Lokalekipp war awer ni wierklech a Gefor. Zur Paus stoung et 14:11 fir Réiden.
Dikrech hat iwwerdeems bei der 31:21-Victoire keng Problemer mat Bartreng, och wann et zur Paus nach 15:13 stoung.
Dunn huet den HBC Schëffleng nach misse bei den HC Standard, wou de Match 34:23 fir d’Lokalekipp ausgaangen ass.
Péiteng klappt dohem de Museldall mat 40:26.
Dammenhandball
Bei den Dammen huet den HC Standard ee serréierte Match géint Bieles mat 24:22 fir sech entscheet.
Donieft hunn d’Red Boys doheem mat 13:16 géint d’Damme vum HB Esch de Kierzere gezunn.
Iwwerdeems huet sech Käerjeng relativ kloer mat 26:20 géint Dikrech duerchgesat. Schonn an der Paus war d’Lokalekipp mat 10 Punkten a Féierung.