Den Ex-Spiller vum AB Contern, deen aktuell nach verletzungsbedéngt ausfält, hellt domat eng nei Erausfuerderung an der LBBL un.

Aus dem nationale Basket ass um Sonndeg d'Nouvelle komm dass de Raul Birenbaum bei d'Etzella Ettelbréck wiessele wäert. De laangjärege Spiller vum AB Contern erhëlt sech aktuell awer nach vun enger Verletzung, sou dass de Comeback um Terrain nach e bëssen op sech waarde muss.