Dat huet d’Auslousung en Dënschdeg am spéide Moien um Sëtz vun der EHF zu Wien erginn.

No enger staarker kämpferescher Leeschtung huet den Handball Esch et mat enger Victoire géint Baekkelaget an Norwegen an d'Aachtelsfinall vum European Cup gepackt. An der Ronn vun deenen leschte 16 krut de Lëtzebuerger Champion elo Talent tym Plzenskeho kraje aus der Tschechescher Republik zougeloust.

HB Esch géint Pilsen/Reportage Franky Hippert

Et war schonn e gellegen Exploit vun den Handball-Häre vun Esch. Den Allersmatch war hei am Land mat engem Remis op en Enn gaangen. Dunn e Sonndeg hunn de Martin Müller a seng Matspiller et fäerdegbruecht, mat engem Gol Differenz 26:25 an Norwegen ze gewannen.

"Et war ganz intensiv vun deenen zwou Säiten. Et waren awer och technesch vill Feeler. Et ass iwwer de Kampf, wou mer et gepackt hunn."

An dobäi hunn déi Escher och nach op Pulli, Bock a Kirsch misste verzichten. De Petiot an de Krier goufe fréizäiteg mat Rout vum Terrain gesat. Mat enger staarker kämpferescher Leeschtung ass et dunn awer no engem ganz intensive Match fir d'Aachtelsfinall duergaangen.

"Lo feiere mer natierlech e bëssen, well e Mëttwoch spille mer schonn nees Championnat. An da gëtt jo elo och den nächsten Tour gezunn."

An déi Auslousung war en Dënschdeg am spéide Moien zu Wien am Sëtz vun der EHF an do koum d'Ekipp vu Pilsen aus der Tschechescher Republik eraus.

"Wéi déi anzeschätze sinn, ass schwéier ze soen. Mä elo an enger Aachtelsfinall vun enger europäescher Coupe ginn et keng einfach Géigner méi. D'Norweger warem nach méi jonk an onerfueren. Bei den Tschechen hu mer dee Virdeel sécher net méi.", esou de Kapitän vun deenen Escher, de Christian Bock, dee positiv op de Corona getest gouf an elo an Quarantän ass.

Den Allersmatch ass am Prinzip de Weekend vum 12./13. Februar heiheem, de Retourmatch gëtt dann eng Woch drop an der Tschechescher Republik gespillt.