No zwee Véierel louchen déi Ettelbrécker a Féierung, um Enn stoung dann awer eng 72:98-Defaite géint Sparta Bartreng.

E Sonndeg den Owend war bei den Hären a bei den Dammen d'Suite vum 13. Spilldag.

Härebasket

Bei den Häre gouf et e Sonndeg eng 98:72-Victoire (25:23, 21:24 32:19, 20:6) fir de Sparta Bartreng géint d'Etzella. D'Ekipp vun Ettelbréck louch no den éischten zwee Véierel souguer a Féierung, duerch zwee schwaach lescht Véierel hu si de Match zu Bartreng dann awer nach aus der Hand ginn.

De Resumé vum Match Sparta-Etzella
De Sparta huet sech mat 98:72 duerchgesat.

Am éischte Match vum Owend huet de Racing doheem an engem serréierte Match géint d’Fiels mat 59:63 (12:13, 16:19, 17:19, 14:12) de Kierzere gezunn.

Portrait Pit Roudebourg
De Pit Roudebourg am Portrait

Zu Walfer ass d’Résidence hirer Favoritteroll gerecht ginn an huet sech mat 96:79 (29:12, 26:26, 22:19, 19:22) géint d’Musel Pikes behaapt.

Zu Hiefenech konnt sech d’Lokalekipp kloer mat 95:67 (27:17, 23:14, 15:19, ) géint den T71 Diddeleng duerchsetzen, an dat obwuel den Hiefenecher Kapitän Max Schmit schonn no ronn enger Minutt huet misse verletzungsbedéngt ophalen. Allerdéngs huet och den T71 an der éischter Hallschent ouni den Nationalspiller Joe Kalmes missen auskommen, dee wéinst dem Policeasaz an der Stad nokomm ass.

Da gouf et nach eng knapp Heem-Néierlag fir den AB Contern, dee sech knapps mat 67:78 (12:20, 12:25, 25:10, 18:23) géint d’Amicale Steesel huet misse geschloe ginn.

Hären

Dammebasket

E Sonndeg gouf et fir den AB Contern bei enger 64:90-Néierlag (18:14, 21:21, 31:23, 26:1) géint d'Etzella. An engem Match, deen déi éischt zwee Véierel ausgeglach war ass de Gaascht vun Ettelbréck zemools am leschte Véierel komplett agestierzt an huet de Match sou aus der Hand ginn.

Am zweete Match vum Owend huet sech de Sparta Bartreng misse mat 62:71 (18:17, 11:23, 13:9, 20:22) géint de Basket Esch geschloe ginn.

E Samschdeg hat d’Résidence vu Walfer doheem géint d’Amicale keng Problemer. Um Enn huet ee sech mat 97:80 (22:18, 14:18, 34:20, 27:24) duerchgesat a verdeedegt domat déi 2. Tabelleplaz.

Un der Tabellespëtzt bleift iwwerdeems den T71, deen och beim ABContern ouni Néierlag dës Saison bleift a sech kloer mat 90:64 (26:17, 25:16, 16:19, 23:12) duerchsetzt.