E Samschdeg hat Déifferdeng zu Bierchen gewonnen an am Relegatiounsgrupp huet Péiteng Bieles deklasséiert.

E Sonndeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären déi lescht Partie vum 3. Spilldag ëm den Titel.

Härenhandball

Titelgrupp

E Sonndeg den Owend huet sech den HB Käerjeng mat 36:31 géint Miersch duerchgesat. D'Käerjenger Ekipp konnt sech an der Ufanksphas e liichte Virsprong opbauen, dee sech dann och bis zum Schluss gehalen huet.

An engem ganz spannenden an intensive Match behält den HB Esch um Enn d’Iwwerhand a setzt sech mat 31:29 géint den HB Diddeleng duerch. An der Paus stoung et scho 16:13 fir déi Escher.

De Resumé vum Match Esch - Diddeleng
An engem enke Match huet sech den HB Esch d'Victoire geséchert.

Am anere Spëtzematch hat den HC Bierchem doheem géint d’Red Boys vun Déifferdeng keng Chance a verléiert kloer mat 27:34, och wann d’Lokalekipp no 30 Minutten nach just mat 3 Goler am Réckstand louchen.

Spillplang Hären

Relegatioun

Am Duell géint de Museldall konnt sech e Sonndeg den Owend de CHEV Dikrech mat 35:22 duerchsetzen.

Fir den HB Bieles gouf et e Samschdeg beim 8:40 géint den HB Péiteng een Debakel. Péiteng huet de ganze Match dominéiert a louch schonn an der Paus mat 13 Goler (17:4) vir.

Am zweete Match tëscht dem HB Bartreng an dem HC Standard ass et däitlech méi enk zougaangen, hei huet Bartreng sech misse mat 24:30 geschloe ginn, nodeems een an der Paus nach mat 15:14 a Féierung louch.

Relegatioun

Dammenhandball

Bei den Damme gouf et am Spëtzematch um Nomëtteg tëscht dem HB Museldall an dem HB Käerjeng eng relativ kloer 18:27-Néierlag fir de Museldall, woumat Käerjeng sech an der Tabell kann op 4 Punkten ofsetzen.

E Samschdeg den Owend huet den HB Esch doheem dem HC Standard keng Chance gelooss a souverän mat 26:18 gewonnen.

Du koum et och nach zur Partie tëscht dem Chev Dikrech an dem Leader HB Diddeleng, déi d’Diddelenger Damme mat 22:17 fir sech konnten entscheeden.

An der leschter Partie vum Dag konnte sech dunn nach d’Red Boys knapps mat 23:18 zu Bieles duerchsetzen, no 30 Minutten huet et scho 15:9 fir d’Visiteure gestanen.

Spillplang Dammen