Stephen Curry brécht dem Ray Allen säin 3er-Rekord

© AFP
Den 33 Joer ale Superstar vun de Golden State Warriors huet bei der 105:96-Victoire géint d'New York Knicks säin 2.974. Dräier erageschoss.
Domat huet hien den ale Rekord vum Ray Allen gebrach. Um Enn huet hien nach eemol 3 weider Dräier geschoss a säi Rekord domat op 2.977 eropgeschrauft.
"Et war ganz emotional, well ech weess, wéi vill Aarbecht dohanner stécht", sot de Curry.
Wéi de Curry de Rekord gebrach huet, huet den Trainer Steve Kerr direkt en Time-out geholl, fir de Curry feieren ze loossen. Dësen huet och direkt säi Papp an de Ray Allen, deen an der éischter Rei souz, ëmäermelt.
De Curry huet fir säi Rekord 789 Matcher gebraucht, de Ray Allen hat der dofir 1.300 gebraucht.