Steesel séchert sech wichteg Punkte géint Hiefenech

© AFP (Archiv)
An engem enke Match hu sech béid Ekippe mat engem 82:71 getrennt.
Härebasket
E Freideg den Owend stoung bei den Hären ee Match vum 14. Spilldag um Programm. Steesel konnt sech hei wichteg Punkte géint Hiefenech sécheren. Um Enn vum Match stoung et 82:71 (19:11, 18:18, 23:17, 22:25) fir d'Amicale.
Beschte Scorer op Steeseler Säit war de Williams mat 34 Punkten, fir Hiefenech huet de Strings 35 Punkte markéiert.
Hären
Dammebasket
Bei den Damme war e Freideg den Owend och den Optakt vum 14. Spilldag. Steesel huet sech hei ganz kloer mat 101:52 (40:17, 31:8, 18:14, 12:13) géint den Opsteiger Wolz duerchgesat. Schonn an der Paus stoung et 71:25 fir d'Amicale.
Schonn den 9. Dezember hat sech de Basket Esch misse mat 59:70 géint d'Etzella geschloe ginn. Déi weider Matcher vum 14. Spilldag ginn e Samschdeg gespillt.