An den Halleffinalle vun der Handball-WM a Spuenien huet Frankräich Dänemark eliminéiert an Norwegen Spuenien.

Déi skandinavesch Europameeschterinnen hu sech e Freideg den Owend an der zweeter Halleffinall vun der Handball-WM mat 27:21 (11:11) géint Spuenien duerchgesat. Domadder kéint Norwegen e Sonndeg den Owend fir d'véierte Kéier den Titel gewannen.

Norwegen kritt et an der Finall mat Frankräich ze dinn. Den Olympiagewënner hat an der éischter Halleffinall mat 23:22 (10:12) géint Dänemark gewonnen an huet domadder d'Chance op den 3. WM-Titel. Beim Stand vun 22:21 hat Frankräich fir d'éischte Kéier d'Féierung iwwerholl, virdru louch Dänemark tëschenduerch mat bis zu véier Goler a Féierung.

D'Finall vun der Dammenhandball-WM gëtt e Sonndeg den Owend um 17.30 Auer gespillt.