De Match tëschent de Musel Pikes an der Sparta gouf bei den Häre wéinst ville Covid-19-Fäll ofgesot.

E Samschdeg den Owend war et bei den Hären a bei den Dammen d'Suite vum 14. Spilldag.

Härebasket

Den Tabelleleader Walfer konnt sech kloer mat 116:89 (20:16, 34:20, 29:33, 33:20) zu Diddeleng beim T71 duerchsetzen. D'Gäscht hu vun Ufank u Gas ginn a louchen no den éischten zwee Véierele komfortabel a Féierung. An der Paus stoung et deemno 54:36 fir Walfer. No der Paus huet d'Heemekipp nach eng Kéier dogéint gehalen a konnt den drëtte Véierel mat 33:29 fir sech entscheeden. D'Résidence huet am leschte Véierel awer nach eng Schëpp drop geluecht, soudass des Victoire iwwert de Match gesinn ni a Gefor war.

Donieft gouf et eng 94:87-Victoire (23:14, 25:23, 25:23, 21:27) fir d'Etzella géint de Racing. Direkt am éischte Véierel hunn déi Ettelbrécker de Grondstee fir den Erfolleg geluecht. D'Gäscht hunn duerno awer besser an de Match fonnt. Am leschte Véierel huet de Racing alles probéiert fir de Match ze dréinen, mee de Réckstand war ze grouss. D'Etzella bleift domadder am Spëtzegrupp vun der Tabell, wärend de Racing weider op der zweetleschter Plaz steet.

Hären

Dammebasket

Bei den Damme gouf et de Spëtzematch tëschent dem T71 Diddeleng an der Résidence Walfer. Den Tabelleleader an aktuelle Champion konnt sech souverän mat 77:58 (17:17, 18:11, 28:17, 14:13) géint Walfer duerchsetzen. Den éischte Véierel war nach ausgeglach, mee ab dem 2. Véierel ass d'Heemekipp ëmmer méi dovu gezunn. Och no der Paus huet Diddeleng net labber gelooss a konnt de Virsprong weiderhin ausbauen. D'Gäscht konnten de leschte Véierel e bësse méi enk halen, um Enn konnt een de Retard awer net méi ophuelen. Den T71 bleift souverän un der Tabellespëtzt an huet elo 5 Punkten Avance op Walfer.

D'Musel Pikes huet géint d'Sparta vu Bartreng eng 78:59-Victoire (19:17, 18:15, 22:10, 19:17) gefeiert. Duerch Defaite vun der Résidence sinn d'Pikes an der Tabell elo punktgläich mat Walfer.

E wichtege Succès gouf fir den AB Contern géint de Gréngewald. D'Heemekipp konnt sech knapp mat 72:69 (19:20, 19:19, 15:10, 19:20) behaapten.