Norwegen séchert sech véierte Weltmeeschtertitel

Norwegen setzt sech an der Finall vun der Damme-Weltmeeschterschaft géint Frankräich duerch. / © AFP
An enger serréierter Finall huet sech Norwegen mat 29:22 géint Frankräich duerchgesat.
Norwegen ass no 1999, 2011 an 2015 eng véiert Kéier Weltmeeschter am Dammenhandball. An enger spannender Finall zu Granollers a Spuenien konnten d'Skandinavierinnen d'Olympiagewënnerinnen aus Frankräich mat 29:22 klappen a sech d'Weltmeeschterkroun opsetzen. Dobäi hat et am Ufank guer net gutt fir d'Norweegerinnen ausgesinn.
D'Franséisinne koume gutt an de Match a loungen zur Paus mat 16:12 vir. Virun allem d'Golkeeperinne vu Frankräich haten hiren Undeel un dëser Avance. No der Paus war Frankräich net méi erëmzëerkennen. An den zweeten drësseg Minutte sollten der Equipe Tricolore just nach 6 Goler geléngen. Dozou hunn déi norweegesch Goalkeeperinnen hiren Deel a vill technesch Feeler op der Säit vun de Franséisinne bäigedroen. D'Norweegerinne par contre konnte 17 Goler markéieren a sech domadder eng komfortabel Avance erausspillen, déi si bis zum Schluss net méi hierginn hunn.