Covid-19 an der NBA
An der nordamerikanescher Basketliga ass d'Situatioun ugespaant

Rezent si vill Spiller a souguer Matcher ausgefall. Dës Woch gouf schonns dee 541. Spiller an der lafender Saison agesat, souvill wéi nach ni.
D'Saison ass nach net an der Hallschent.
Dëst ass drop zeréck ze féieren, datt vill Clibb op Spiller aus der G-League hu missten zeréckgräifen, fir iwwerhaapt kënnen unzetrieden, well ze vill Spiller aus dem eigentleche Kader a Quarantän waren.
Un eng Paus vum Spillbetrib gëtt dem NBA-Chef Adam Silver no awer net geduecht.
Coronasituatioun an der NBA - Reportage Jeff Kettenmeyer
Am meeschte gelies