Den Ex-Trainer Logan Draux hat säi Posten zur Verfügung gestallt.

D'Damme vun der Amicale Steesel kréien een neien Trainer. Dat huet de Club e Sonndeg offiziell matgedeelt. Den Erny Gruskovnjak iwwerhëlt de Poste vum Logan Draux.

Den neie Mann op der Trainerbänk ass keen onbekannten am Lëtzebuerger Basket. Hie konnt mat de Pikes e puer Mol de Championstitel feieren an dës Saison war hien Assistant Coach vum Etienne Louvrier bei de Steeseler Hären.

Aktuell steet d'Dammenekipp vun der Amicale op der 6. Plaz an der Tabell.