Handball
Brauch de Champion Esch en neie President?

RTL-Informatiounen no soll et e Changement un der Spëtzt vum Handball Club vun Esch ginn.
De President vum Lëtzebuerger Champion Jos Theysen soll ophalen. Wat d'méiglech Successioun ugeet, lafen och scho Rumeuren. Eng dovun ass, datt de Fabio Marochi, dee bis viru Kuerzem nach President vum Futtballclub vun Nidderkuer war, d'Spëtzt vum Handballveräin aus der Minettemetropole kéint iwwerhuelen.
Op eis Nofro hi sot de Marochi, datt déi Spekulatiounen effektiv schonn eng Zäitchen zirkuléieren, hien awer elo emol - esou wéi annoncéiert - déi nächst Wochen a Méint op Sportfonktionärsniveau e bësse méi lues wéilt trëppelen.
Am meeschte gelies