Victoire fir Schëffleng an de Standard

© AFP
An der Relegatioun gouf et bei den Hären eng Victoire fir Schëffleng géint den HB Museldall a fir den HC Standard géint Réiden.
E Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären de 5. Spilldag an der AXA League Relegatioun. Bei den Damme sollt et d'Suite vum 11. Spilldag sinn, allerdéngs huet Bieles Forfait missen erkläeren an de Match Déifferdeng géint Dikrech gouf verluecht.
Härenhandball
Relegatioun
Bei den Hären ass et an der Playoff Relegatioun eng Victoire vun Schëffleng géint de Museldall ginn. Konnten d'Gäscht an der Ufanksphase vum Match nach mathalen, huet sech lues awer sécher d'Iwerleenheet vun der Lokalekipp erauskristalliséiert. Schëffleng gewënnt um Enn däitlech mat 35:13 géint den HB Museldall.
Een änlecht Bild huet sech och zu Bouneweg gewise beim Match HC Standard géint den HC Atert Réiden. De Stater Veräin huet iwwerhaapt näischt ubrenne gelooss a schéisst Reiden mat 48:20 aus der Hal.
De Match Rëmeleng - Bieles gouf iwwerdeems vu Säite vum Handball Bieles Forfait erkläert. Domat gëtt de Match mat 20:0 fir Rëmeleng gewäert.
Relegatioun
Dammenhandball
Net nëmme bei den Hären, mee och bei den Dammen huet den Handball Bieles misse Forfait erklären. Domat gëtt de Match 20:0 fir Diddeleng gewäert. De Match Red Boys Déifferdeng géint de Chev Dikrech huet misse verluecht ginn.
E Sonndeg den Owend huet den HC Standard sech misse mat 14:31 géint den HB Museldall geschloe ginn.