No kenger gudder 1. Hallschent huet Lëtzebuerg an deenen zweeten 30 Minutten een anert Bild gewisen a spillt no engem Krimi an der Schlussphas 30:30.  

D'Lëtzebuerger Handball-Nationalekipp ass dëse Weekend an der 1. Phas vun der Qualifikatioun fir d'WM 2023 gefuerdert. No der 31:26-Victoire géint Färöer-Inselen e Freideg huet d'FLH-Formatioun e Samschdeg 30:30-Gläich géint Lettland gespillt.

Lëtzebuerg - Lettland / Gilles Tricca

Lettland ass besser an de Match komm a louch séier mat 3:1 a Féierung. Mat véier séieren 2-Minutte-Strofen huet d'FLH-Formatioun sech d'Liewe selwer schwéier gemaach an ass 20 Minutte laang engem Réckstand hannendru gelaf. An der 22. Minutt hunn d'Rout Léiwen de Score eng éischte Kéier ausgeglach, éier en Tick méi spéit den Tommy Wirtz Lëtzebuerg du per 7 Meter fir eng éischte Kéier am Match a Féierung geschoss huet. Des gutt Phas sollt allerdéngs net vu laanger Dauer sinn, well d'Letten an der Schlussphas vun der 1. Hallschent ganzer 6 Goler markéiere konnten an esou mat engem 3-Punkten-Avantage (18:15) an d'Paus konnte goen.

Ganz anescht huet sech déi 2. Hallschent gewisen. Mat enger besserer Kierpersprooch, séierem Handball an enger gudder Defense gouf aus dem 3-Punkten-Réckstand no ronn 45 Minutten e 3-Punkten-Virsprong. D'Lette si mat engem 3:0-Laf allerdéngs nees zeréckkomm. An der Schlussphas ass et hin an hier gaangen, mol louchen d'Letten a Féierung, mol d'Rout Léiwen. Um Enn deele sech béid Ekippe mam 30:30-Gläich d'Punkten.

No der Victoire géint d'Färöer-Inselen an dem Gläichspill géint Lettland ass virum leschte Match géint Italien e Sonndeg trotz allem nach alles méiglech, fir d'Handball-Nationalekipp een Tour weiderzekommen.